passer au contenu principal

Formatioun: Liewensenn I

Mercredi, 16 Novembre 2022 - Mercredi, 07 Décembre 2022

Omega 90 bidd Iech eng Plaz fir sech mat hinnen an aneren interesséierte Leit iwwer dëst Thema auszetauschen an Informatiounen iwwer Stierwen an Dout hei zu Lëtzebuerg ze kréien. Dëse Cours gouf fir jiddereen konzipéiert, deen sëch wëll mam Thema „Dout“ a Form vu Reflektiounen awer och konkreten Tipps konfrontéieren.
Iwwer säin eegent Liewensenn nozedenke, fällt net jidderengem liicht. An dach ass et e wichtegt Thema, wou et gutt wier fir sech selwer am Kloren ze sinn an och mat senger Famill oder senge Frënn kennen driwwer ze schwätzen. Omega 90 proposéiert Iech e Moment, fir mat eis an anere Leit déi interesséiert sinn, dëst Thema mol eng Kéier unzegoen an Iech op d’Schreiwe vun Ärem Wëlle fir d’Liewensenn virzebereeden. (Seance 1 a 2)
Eng Wallis mat Informatiounen, Methoden a Fäegkeeten erwaart Iech, wann et ëm déi folgend Froen geet: Wéi ass et mat der Wouerecht? Wéi ginn ech mat sengen a mat menge Gefiller ëm? Wat fir Méiglechkeeten hu mir, wat fir eng Rechter huet hien/si? Wat fir eng Ënnerstëtzung kënne mir kréien? Wat kann ech maachen, dass d‘Persoun sech e bëssi besser fillt? (Seance 3 a 4)

Referentin: Nathalie Frevel, Omega90

Weini: Ëmmer mëttwochs, (4 Seancen)

Auerzäit: jeeweils vun 14:30 bis 17:30 Auer am Club

Präis: gratis / weider Info'en am Club
Deelhuelen un eenzelne Seance méiglech

Association: Club Aktiv Plus

Login pour les associations


A propos du site


Le site agenda.roeser.lu est un service offert par la commune de Roeser.

Il a comme objectif de regrouper tous les évènements à caractère public et non commercial des associations agréées et inscrites dans la Commune de Roeser ainsi que toutes les manifestations autorisées par la Commune de Roeser.

plus d'informations

Contact & Heures d'ouverture


Administration communale de Roeser
40, Grand-Rue
L-3394 Roeser

Lundi: 13h00-16h30
Mardi à jeudi: 8h00-11h30 et 13h00-16h30
Vendredi: 7h00-16h30 (sans interruption)

Téléphone:
Téléfax: (+352) 36 92 32 219
Permanence techn.:

Contactez-nous

Politique de confidentialité · Accessibilité