
Visitt: Europa-Museum Schengen
Jeudi, 16 Octobre 2025Bei eis am Dräilännereck wou Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland openeen treffen, gouf europäesch Geschicht geschriwwen. Op der M.S. Princesse Marie-Astrid hu Vertrieder vu Lëtzebuerg, der Belsch, Holland, Frankräich an Däitschland de 14. Juni 1985 d’Schenger Ofkommes ënnerschriwwen. Dëst Ofkommes war ee vun de wichtegste Schrëtter um Wee zur europäescher Eenheet: d'Ofschafung vun den innereuropäesche Grenzkontrolle fir de Verkéier vu Persounen a Wueren tëscht den Ënnerschreiwerstaaten. Schengen gëllt als d'Wéi vun engem grenzelosen Europa: einfach vun engem Land an dat anert reesen ouni Grenzformalitéiten, egal ob zu Fouss, mam Vëlo oder mam Auto. Gitt gewuer wéi et derzou koum a firwat et grad haut erëm esou wichteg ass.
Auerzäit: 09h15 beim Club / Minibus
Präis: 25 €, inkl. Visitt an Trajet, 5 € fir de Musée
Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
Association: Club Aktiv Plus
Que cherchez-vous?
Login pour les associations
A propos du site
Le site agenda.roeser.lu est un service offert par la commune de Roeser.
Il a comme objectif de regrouper tous les évènements à caractère public et non commercial des associations agréées et inscrites dans la Commune de Roeser ainsi que toutes les manifestations autorisées par la Commune de Roeser.
plus d'informations
Contact & Heures d'ouverture
Administration communale de Roeser
40, Grand-Rue
L-3394 Roeser
Lundi: 13h00-16h30
Mardi à jeudi: 8h00-11h30 et 13h00-16h30
Vendredi: 7h00-16h30 (sans interruption)
Contactez-nous