
Theaterstéck "Duebel liewen hält besser"
Vendredi, 06 Février 2015 - Samedi, 07 Février 2015Freides, den 6. Februar (20.00 h) a Samschdes, den 7. Februar (20.00 h) spillen di Réiser Pëppelskäpp erëm Theater. Opgefouert gëtt deen lëschtegen Dräiakter "Duebel liewen hält besser". Reservatiounen kënnen per Telefon (621674224 - 19 h bis 21 h), per SMS (621674224) oder per E-Mail (rpk@pt.lu) gemat ginn. Erwuessener bezuelen 10 € a Kanner bis zwielef Joer 5 € Entrée.
Duebel liewen hält besser
Jiddereen vun eis kennt dat gutt Gefill, wat een huet, wann een bis dee richtege Partner fir d'Liewen fonnt huet. Alles ass ok an et wënscht een sech, dass et ëmmer esou viru goe soll ...
Wat mécht een dann awer, wann een mierkt, dass engem säin Häerz awer och nach fir en anere Mënsch schléit an een och fir deen gefillsméisseg vill iwwreg huet? Do gëtt et bestëmmt vill Méiglechkeeten. Mee dat, wat den Jacques, den Haaptpersonnage aus dem Theaterstéck, sech fir déi Situatioun ausgeduecht huet, ass schonn speziell, esou speziell esouguer, dass e klengen "fait divers" duer geet, dem Jacques seng kleng Welt gehéiereg un d'Wackelen ze bréngen. Bei sengem Versuch, dat alles erëm riicht ze béien, kënnt et zu villen drolegen, emotionalen an verréckten Momenter an et gëtt vill ze laachen ...
Happy End oder net? Kommt einfach kucken, da gitt der et gewuer ...
Association: Réiser Pëppelskäpp
Que cherchez-vous?
Login pour les associations
A propos du site
Le site agenda.roeser.lu est un service offert par la commune de Roeser.
Il a comme objectif de regrouper tous les évènements à caractère public et non commercial des associations agréées et inscrites dans la Commune de Roeser ainsi que toutes les manifestations autorisées par la Commune de Roeser.
plus d'informations
Contact & Heures d'ouverture
Administration communale de Roeser
40, Grand-Rue
L-3394 Roeser
Lundi: 13h00-16h30
Mardi à jeudi: 8h00-11h30 et 13h00-16h30
Vendredi: 7h00-16h30 (sans interruption)
Téléfax: (+352) 36 92 32 219
Contactez-nous