
Visitt: Ligue HMC Bongerten
Vendredi, 12 Septembre 2025No der Visitt vun den Ateliere am leschte Joer vun der Ligue HMC zu Capellen, besiche mir dës Kéier d’Bongerten vun der Ligue HMC zu Olm, wou dat ganzt Joer iwwer saisonaalt Uebst a Geméis ugebaut gëtt. Si si spezialiséiert am Ubau vu verschiddenen Äppelzorten, Bieren, Äerdbieren, asw. Dat frëscht Uebst a Geméis gëtt an hirem Buttek verkaf oder et gëtt an hiren Ateliere zu Äerdbierswäin, Äppelchips, Gebeess, gedréchentem Uebst a Geméis, Likör asw. weiderverschafft.
Bei dëser Visitt kritt Dir an Abléck vun der Recolte an de Bongerten wéi och en Abléck an d’Ateliere mat Erklärungen.
Uschléissend géife mir da fir d'Mëttegiessen an hieren Restaurant. Zäit fir de Buttek ze besichen an deen een oder aneren Akaf ze maachen, bleift och nach.
Auerzäit: 10h00 beim Club / Minibus
Präis: 12 €, inkl. Trajet, Mëttegiessen individuell
Umeldung ënnert 369232-5229 oder info@caproeserbann.lu erwënscht
Association: Club Aktiv Plus
Que cherchez-vous?
Login pour les associations
A propos du site
Le site agenda.roeser.lu est un service offert par la commune de Roeser.
Il a comme objectif de regrouper tous les évènements à caractère public et non commercial des associations agréées et inscrites dans la Commune de Roeser ainsi que toutes les manifestations autorisées par la Commune de Roeser.
plus d'informations
Contact & Heures d'ouverture
Administration communale de Roeser
40, Grand-Rue
L-3394 Roeser
Lundi: 13h00-16h30
Mardi à jeudi: 8h00-11h30 et 13h00-16h30
Vendredi: 7h00-16h30 (sans interruption)
Contactez-nous