
Limburg an der Lahn
Vendredi, 21 Août 2015Limburg an der Lahn läit zwëschen dem Westerwald an Taunus an ass eng Stad, déi verzaubert. Eng historesch, sehenswäert, erhuelsam an lieweg Stad, déi mir zesummen mam Club Senior „Beim Kiosk“ entdecke wäerten.
Vun 10.00 bis 11.00 Auer ass eng geféiert Besichtegung duerch déi historesch Alstad virgesinn, wou eise Guide eis op déi schéinste Plazen opmierksam mëscht, an eis déi schéinste Fachwierkhaiser weist, an natierlech de wonnerschéinen Doum vu Limburg.
Mëttes Fräizäit, wou jiddereen op eege Fauscht kann zu Mëtteg iessen, bzw. duerch déi idyllesch Alstad flânéieren, wou och léif kleng Buttiker sinn, a flott aluedend Terrassen.
No 15.00 Auer geet et dann weider mat enger Schëfffahrt op der Lahn. Et ass eng kleng Rondfahrt, wou mer Limburg vun enger anerer Säit gesinn, ënnert anerem och d‘Schlass Oranienstein an d‘St. Lubentius Basilika. Um Schëff erwaarden Iech Kaffi a Kuch.
Découvrez avec nous la charmante petite ville de Limburg au bord du fleuve Lahn. Une visite guidée nous fera voir entre autre les maisons à colombage et la cathédrale. Temps libre. A 15h, tour en bateau pour avoir une autre vue sur la ville.
Wéini: Freideg, den 21. August 2015
Départ: 07.00 Auer Gare Bierchem
Präis: 58€ (Transport am Reesbus, Visite guidée, Schëfffahrt mat Kaffi a Kuch)
weg. umellen um 36 55 73
Association: Club Aktiv Plus
Que cherchez-vous?
Login pour les associations
A propos du site
Le site agenda.roeser.lu est un service offert par la commune de Roeser.
Il a comme objectif de regrouper tous les évènements à caractère public et non commercial des associations agréées et inscrites dans la Commune de Roeser ainsi que toutes les manifestations autorisées par la Commune de Roeser.
plus d'informations
Contact & Heures d'ouverture
Administration communale de Roeser
40, Grand-Rue
L-3394 Roeser
Lundi: 13h00-16h30
Mardi à jeudi: 8h00-11h30 et 13h00-16h30
Vendredi: 7h00-16h30 (sans interruption)
Téléfax: (+352) 36 92 32 219
Contactez-nous