Accueil > Stiefesdag am Club

Stiefesdag am Club
Jeudi, 26 décembre 2019An dësem Joer invitéiere mir Stiefesdag zu engem gemittlechen Nomëtteg an de Club. Loosst eis och an der Chrëschtzäit zesummekommen an dës Zäit besënnlech a gemeinsam verbréngen.
Dir sidd häerzlech wëllkomm e klenge Kaddo am Wert vu fënnef bis zéng Euro matzebréngen, mat dem mir da gär wichtelen.
Auerzäit: 14:00 Auer am Club
Präis: Gratis, Spenden a Form vu Gebackenem si wëllkomm.
Association: Club Eist Heem