passer au contenu principal

Flunkerland

Samedi, 11 Janvier 2014 - Samedi, 08 Mars 2014

Deen neie Programm vum Cabaret Peffermill(ch)en
21 Virstellungen am Januar, Februar a Mäerz 2014
an der Brasserie Neimënster am Gronn

Virstellungen:
den 11.,15.,16.,17.,18.,22., 23., 24. a 25. Januar 2014 um 20.00 Auer
den 19. a 26. Januar 2014 um 19.00 Auer
de 7., 8., 14. a 15. Februar 2014 um 20.00 Auer
den 9. a 16. Februar 2014 um 19.00 Auer
den 1., 7. an 8. Mäerz 2014 um 20.00 Auer
den 2. Mäerz 2014 um 19.00 Auer

Et spillen: Josiane Fritz, Monique Reuter, Denise Ruppert a Fons Ruppert
Um Piano: Paul a Pit Dahm
Op d'Bühn bruecht: Fons Ruppert
Auteuren: Lucien Blau, Claude Frisoni, Roland Harsch, Pierre Puth, Guy Rewenig, Michèle Thoma...

Reservatiounen: contact@peffermillchen.lu oder 26 67 06 44

Entrée: 20€, Studenten: 12€

Flunkerland «Wann et iescht gëtt, muss ee léien», seet de Jean-Claude Flunker (oder wéi heescht e scho méi?), an zanter d’Ligebattien op déi Manéier vun uewen erof den offizielle Sege kruten, gëtt an eisem Flunkerland gelunn a bedrunn, datt et niwwelt a kraacht. An der Politik, an der Wirtschaft, an der Kultur, an der Kierch a bei deenen, déi sech Wourecht a Recht op hire Fändel schreiwen – iwwerall ass et Moud ginn, monter ze flunkeren, well ebe scho méi laang alles ganz «iescht ass». Eis kleng Insel vun der Gléckséilegkeet gëtt mat Ligen zementéiert. Mir bedréien eis selwer, well mer soss déi schro Welt «dobaussen» net aushalen. Mee maache mer eis näischt vir: de Flunker-Virus huet eis alleguer schonn erwëscht. D’Geflunkers ass en neien Nationalsport, mat deem jidderee sech Medaille fänke kann. An de Famillen, an de Bezéiungen, op der Aarbecht, an der Fräizäit – wien am beschte flunkert, huet déi gréisste Chancen. Dofir flunkert och d’Peffermill(ch)en an hirem neie Programm «Flunkerland» mat Genoss an ouni Schimmt, «zesumme fir Flunkerland» a mat «Loscht op Ligen», wéi et emol op de Parteiplakater geheescht huet. Loosst iech eng kréckelen am Kabarä! Da maacht der wéi d’Leit, an et geet iech wéi de Leit.

Association: Peffermill(ch)en

Login pour les associations


A propos du site


Le site agenda.roeser.lu est un service offert par la commune de Roeser.

Il a comme objectif de regrouper tous les évènements à caractère public et non commercial des associations agréées et inscrites dans la Commune de Roeser ainsi que toutes les manifestations autorisées par la Commune de Roeser.

plus d'informations

Contact & Heures d'ouverture


Administration communale de Roeser
40, Grand-Rue
L-3394 Roeser

Lundi: 13h00-16h30
Mardi à jeudi: 8h00-11h30 et 13h00-16h30
Vendredi: 7h00-16h30 (sans interruption)

Téléphone:
Téléfax: (+352) 36 92 32 219
Permanence techn.:

Contactez-nous

Politique de confidentialité · Accessibilité