
Gehirverletzung Blëtz asbl
Vendredi, 05 Juin 2015En Hireschlag, eng Gehirtumor, e Gehirtrauma- dëst betrëfft net nëmmen déi eeler Leit mee och Jonker kenne plëtzlech vun sou enger Krankheet betraff sinn. Mee wéi erkennt een sou eng Krankheet? Wat sinn déi richteg Moossnahmen, déi séier sollen ergraff gi vun dem jeinegen, dee grad präsent ass? Wat kann duerno gemaach ginn, souwuel fir déi Betraffen sëlwer wéi och fir seng Famill?
Zanter kuerzem besteet hei zu Lëtzebuerg eng nei Associatioun ”Blëtz asbl”: Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun enger Gehirverletzung. Si informéieren Iech haut iwwer dës wichteg Froen zu Krankheeten, déi wéi e Blëtz aschloen an net nëmmen eng Persoun mee och hiert ganzt sozialt Ëmfeld wéi d’Famill an d’Frënn.
Et bleift och genuch Zäit fir all är Froen ze stellen a bei Kaffi a Kuch bitt sech och nach d’Geleeënheet fir heiriwwer ze diskutéieren.
Referentin: Mme Chantal Keller- Präsidentin Blëtz asbl
Auerzäit: 14.30 Auer am Club
Präis: gratis, Spenden si wëllkomm
weg. umellen um 36 55 73
Association: Club Aktiv Plus
Que cherchez-vous?
Login pour les associations
A propos du site
Le site agenda.roeser.lu est un service offert par la commune de Roeser.
Il a comme objectif de regrouper tous les évènements à caractère public et non commercial des associations agréées et inscrites dans la Commune de Roeser ainsi que toutes les manifestations autorisées par la Commune de Roeser.
plus d'informations
Contact & Heures d'ouverture
Administration communale de Roeser
40, Grand-Rue
L-3394 Roeser
Lundi: 13h00-16h30
Mardi à jeudi: 8h00-11h30 et 13h00-16h30
Vendredi: 7h00-16h30 (sans interruption)
Téléfax: (+352) 36 92 32 219
Contactez-nous