den Agenda

Evènements à venir

16. 09 - 22. 09
D’Gemeng Réiser mécht vum 16. bis den 22. September 2021 bei der Europäescher Mobilitéitswoch mat, déi ënnert dem Motto „Beweg dech a bleif gesond“ steet.

Kommt a maacht mat bei eise flotten Aktivitéiten, hei fannt Dir de komplette Programm www.roeser.lu/db/1/1499270521725.
18. 09
Sie haben in Ihrem Leben schon manche Herausforderung erfahren und gemeistert. Höhen und Tiefen haben Sie bereits erlebt: Worauf konnte ich bauen? Welche Hilfe konnte ich aktivieren? Welche Art von Netzwerk war mir wichtig? Was hat mir geholfen und gut getan?

Gemeinsam wollen wir mittels unterschiedlicher Methoden anregen, die persönlichen Ressourcen (wieder) zu entdecken und Vertrauen in die eigenen Fähigkeiten zu gewinnen. Mit diesem Workshop sind Sie herzlich eingeladen, sich Ihrer Stärken wieder bewusst zu werden und somit aktiv Gestalter*in Ihres Lebens zu sein und zu bleiben.

Auerzäit: 09:30 bis 13:00 Auer
Club Senior Stroossen
Centre Barblé
203, route d'Arlon
L-8011 Stroossen
18. 09
Match de championnat de handball à 18h00 au hall omnisports de Crauthem.

Entrée 10€.

CovidCheck Event.
18. 09
VELOOCCASIOUNSMAART / EXPO A VERKAF VU VELOEN

vu 14:00 Auer bis 18:00 Auer op der Kierchplaz zu Beetebuerg

D’Aschreiwung ass obligatoresch bis Freides, de 17. September um 12:00 Auer bei VëLokal
per Telefon um 691 464 645 oder
per E-mail op info@velokal.lu

Dir kënnt eis Äre Vëlo ab 10:00 Auer bis 13:00 Auer op der Kierchplaz laanscht bréngen an e bis spéitstens 18:30 Auer siche komme wann en net verkaaf ginn ass.

BIKE REPAIR

Loosst Ärem Vëlo seng kleng Bobo'en flécken.

INFOSTAND VU ZERO MEGOT.

Organisatioun: Gemeng Réiser & Gemeng Beetebuerg & VëLokal & Shime
19. 09
Lieu: Park Kolla et Cour d'école Crauthem

09h30-10h30
Family Fun (activité sportive pour parents et enfants)

10h45-11h45
pour adultes: Aérobic
pour enfants: Jeux de balles
20. 09
Trainéiert Är Beweeglechkeet, Rhythmik a Koordinatioun.

Restez en forme et entrainez votre coordination tout en restant assis.


Auerzäit: 14:30 Auer

21. 09
um 19h30 zu Réiser am Festsall François Blouet (40, Grand-Rue, L-3394 Roeser)

Aktiv Mënsche bleiwe méi laang fit, si manner ufälleg fir Zivilisatiounskrankheeten a
leien der Gesellschaft a villen Hisiichte manner op der Täsch. Awer huet een déi
selwecht Fräiheeten ewéi Mënschen, déi sech fir de motoriséierten Individualverkéier
entscheeden? A wéi steet et ëm d’Sécherheet beim Spadséieren oder Vëlofueren?

Den David Everard, onofhängege Beroder a Saache nohalteg Mobilitéit a siwe
Joer laang den nationale Koordinator vun der europäescher Mobilitéitswoch,
deelt den 21. September seng Gedanken zum Thema mat Iech.

Aschreiwungen: ecologie@roeser.lu
22. 09
Wir werden uns bei einem Spaziergang mit der Resilienz, unserer inneren Widerstandskraft, beschäftigen. Dazu werden wir an verschiedenen Stationen haltmachen und praktische Übungen kennenlernen (Atem– und Wahrnehmungsübungen), auf die wir in unserem Alltag zurückgreifen können. (Dauer: ca. 2 Stunden).

Auerzäit: 15:00 Auer Sandwee Crauthem / Picknickplaatz
23. 09
Hutt Dir Loscht op e gudde Maufel an e puer Klatzen ze schéissen? Vläicht schéisst Dir och nach en „Néngter“.


Auerzäit: 12:00 Auer Café beim Kueb
24, rue du Luxembourg L-4391 Steebrécken
26. 09
Lieu: Park Kolla et Cour d'école Crauthem

09h30-10h30
Family Fun (activité sportive pour parents et enfants)

10h45-11h45
pour adultes: reste à définir
pour enfants: Parkour
27. 09
D’Stadbibliothéik vun Déifferdeng organiséiert reegelméisseg ‚lundi littéraire‘, wou verschidden Auteuren aus hire Bicher virliesen.
Dëse Méindeg ass d’Julia Holbe (Jahrgang 1969, ist Luxemburgerin. Sie lebt in Frankfurt am Main und in der Bretagne. Zwanzig Jahre arbeitete sie als Lektorin für internationale Literatur im S. Fischer Verlag.) d’Invitée am Stadhaus, déi aus hierem Roman „Unsere glücklichen Tage“ liest.


Auerzäit: 19:15 Auer Aaalt Stadthaus
38, avenue Charlotte
L-4530 Déifferdeng
28. 09
D’Statiounen vun “Rentabike Miselerland” maachen et méiglech, en E-Bike fir en Dag ze lounen. Natierlech ass et och méiglech, op engem normale Vëlo den Tour ze maachen. Den Tempo gëtt dem Grupp, Allée / Retour (A/R), ugepasst. Wärend den Tier ass e Mëttegiesse virgesinn.


Auerzäit: 09:40 Auer Gare Bierchem

Destinatioun: Miersch - Diikrech 42 km







Evènements passés

17. 09
Am Kader vun der Mobilitéitswoch offréiere mir Iech en Tour mat CFL an Tram queesch duerch d‘Land.
Mir starten zu Bierchem bei der Gare a fueren a Richtung Stad fir do Kaffi zesummen ze drénken. Zu Clierf hu mir e Mëttegiessen am Restaurant Koener virgesinn. Zu Ettelbréck genéisse mir ee gudde Patt. Duerno fuere mir Richtung Pafendall-Kierchbierg, huelen den Funiculaire an den Tram bis bei d‘Stater-Gare. Da fuere mir zeréck op Bierchem.
Kommt a fuert mat eis duerch d‘Land.

Auerzäit: 08:45 Auer Gare Bierchem (a Richtung Stad)
17. 09
ProVelo an d’Gemeng Réiser organiséiere freides, de 17. September zum Ufank vun der Schoulrentrée eng “Kidical Mass” an der Gemeng Réiser. Am Kader vun der “Semaine de la mobilité” wëlle mir bei eise Jéngste schonn en Zeeche setze fir méi Nohaltegkeet an hinne weise wéi flott an einfach et ass, sech am Alldag mam Vëlo vun A op B ze beweegen.

Mir treffen eis Moies um 7:20 an der Rue Jean Jaminet a fuere vun do aus zesummen mam Vëlo an d'Primärschoul. Den Encadrement gëtt vun eise Fräiwëllege vu ProVelo assuréiert a vun der Police begleet.

Annonce Facebook de l'asbl ProVelo www.facebook.com/events/4189825087781267/?ref=newsfeed
15. 09
Iwwer Vigel an hier Reesen
D’Naturschutzgebitt Schlammwiss-Brill am Syrdall bei Mënsbech - wou d‘Fondatioun Hëllef fir d‘Natur iwwer 25 ha Naturgebitt opkaaft huet-ass mat senge Fiichtwisen, Schilfflächen a Dëmpelen ee vun de gréissten nationalen Fiichtgebidder a spillt eng grouss Roll fir den internationale Vullenzug. Méi wéi 100 verschidden Vullenaarten passéieren hei op hirem Wee an de Süden. Dëse Natur-Spektakel gëtt duerch déi lokal, benevol bedriwwen Vullen-Beréngungsstatioun méi gräifbar. Kommt mat op des Visitt duerch d’Natur an entdeckt d’Faszinatioun vum Vullenzug.

Auerzäit: 09:00 Auer Parking beim Fußballfeld
rue de Beyren, L-5376 Mënsbech
12. 09
Lieu: Park Kolla et Cour d'école Crauthem

09h30-10h30
Family Fun (activité sportive pour parents et enfants)

10h45-11h45
pour adultes: Bodywork
pour enfants: Parcours à vélo (Casque obligatoire pour enfants)
11. 09
Match de championnat de handball à 20h15 au hall omnisports de Crauthem.

Entrée 10€.

CovidCheck Event.
08. 09
D’Madamm Thibo Jeanne, zanter 13 Joer Guide am Dréckerei-a Spillkaartemusée zu Gréiwemaacher, hëlt Iech dëse Nomëtteg mat an d’Welt vum Spillen.
Unhand vun engem Virtrag versicht d’Madamm Thibo Iech den Ursprong an d’Geschicht vum Spill méi no ze bréngen.

Zum Spill, vun deem den Aristoteles scho gesot huet, datt et e noutwennegt Iwwel ass: engersäits bréngt et dem Mënsch Entspanung am Alldag, anersäits kann et awer och de Mënsch vun der Dugend ofbréngen.
De Schiller seet „de Mënsch ass nëmmen do richteg Mënsch wou e spillt“.


Auerzäit: 15:00 Auer am Club
05. 09
Lieu: Park Kolla et Cour d'école Crauthem

09h30-10h30
Family Fun (activité sportive pour parents et enfants)

10h45-11h45
pour adultes: Yogilatis
pour enfants: Athlétisme/Coordination
02. 09
Mir heeschen Iech wëllkomm zu engem 3-Gang-Menü, Froen zu eisen Aktivitéiten a gesellege Stonnen:

Wou: Picknick um Sandwee
(bréngt wegl. Är Geschirr/Glieser mat)

Auerzäit: 12:00 Auer "Sandwee"
29. 08
Lieu: Park Kolla et Cour d'école Crauthem

09h30-10h30
Family Fun (activité sportive pour parents et enfants)

10h45-11h45
pour adultes: Gym douce
pour enfants: Hip Hop
Site Internet de la Commune de Roeser

A propos du site


Le site agenda.roeser.lu est un service offert par la commune de Roeser.

Il a comme objectif de regrouper tous les événements à caractère public et non commercial des associations agréées et inscrites dans la Commune de Roeser ainsi que toutes les manifestations autorisées par la Commune de Roeser.

plus d'informations

 

Login pour les associations