den Agenda

Accueil > Konferenz mam David Everard

Konferenz mam David Everard

Mardi, 21 septembre 2021

um 19h30 zu Réiser am Festsall François Blouet (40, Grand-Rue, L-3394 Roeser)

Aktiv Mënsche bleiwe méi laang fit, si manner ufälleg fir Zivilisatiounskrankheeten a
leien der Gesellschaft a villen Hisiichte manner op der Täsch. Awer huet een déi
selwecht Fräiheeten ewéi Mënschen, déi sech fir de motoriséierten Individualverkéier
entscheeden? A wéi steet et ëm d’Sécherheet beim Spadséieren oder Vëlofueren?

Den David Everard, onofhängege Beroder a Saache nohalteg Mobilitéit a siwe
Joer laang den nationale Koordinator vun der europäescher Mobilitéitswoch,
deelt den 21. September seng Gedanken zum Thema mat Iech.

Aschreiwungen: ecologie@roeser.lu


Association: Commune de Roeser
Site Internet de la Commune de Roeser

A propos du site


Le site agenda.roeser.lu est un service offert par la commune de Roeser.

Il a comme objectif de regrouper tous les événements à caractère public et non commercial des associations agréées et inscrites dans la Commune de Roeser ainsi que toutes les manifestations autorisées par la Commune de Roeser.

plus d'informations

 

Login pour les associations